SEARCH:
 

RAL-MONTAGE

ref_031
ref_027
ref_028
RAL-MONTAGE

Als RAL-Montage bezeechent een am Bauwiesen die normgerecht gülteg Montage vun Fënsteren an Baussendieren beim Neibau an ausdrécklech och bei alen Gebaier, wann hei Fënsteren erneiert gin.

Grond fir die nei Montageaart

Aus bauphysikalescher Siicht as fir een energiespuerenden Neibau eng dicht Gebai-Enveloppe noutwendeg, fir Energieverloschter duerch en onkontrolléirten Loftaustausch ze verhënneren. D’Richtlinnen fir Subventiounen am Logement vun bestëmmten Länner schreiwen vir dass bei Niddregenergiehaiser och „Blower-Door-Tester“ obligatoresch sinn, deelweis gin dëss Tester och gemach fir Energiepäss ze erstellen.

Fir d‘Normen ze erfëllen muss vereinfacht gesot d‘Fou vun der Fënster raumsäiteg méi dicht sinn wéi baussensäiteg, die baussenzeg Säit muss den Wiederkonditiounen duerhalen an bestänneg géint Schloree sinn, insgesamt muss d‘Fou loftdicht an wandfest sinn. Fir dass d’Fiichtegkeet aus der Fou entrënnen kann soll dëss baussen méi diffusiounsoppen ausgefouert gin wéi bannen.

Kontakt