SEARCH:

Iwwer eis

D‘Firma Stemper gouf schon 1954 zu Miersch gegrënnt

Zanter senger Grënnung vu virun 70 Joer ass d’Stemper Philosophie déi selwecht bliwwen: d’Anhalen vun den Delaien an vun den Angeboter, wéi och de Wëllen Iech Satisfaktioun ze gin, an dësst iwwer den Verkaf eraus. Eisen Erfolleg baséiert och op die ganz kuerz Entscheedungsprozesser an op d’Identifikatioun vun eise Mataarbechter mat der Firma.

Méi iwwer eis

Unsere Dienstleistungen

Mat eisem héich qualifizéierten Team an dem modernsten Equipement garantiére mir eng professionell Aarbecht, déi Äre Besoinen entsprécht.

  • Kompetent Berodung op der Plaz an an eisem Showroom
  • Onverbindlech Offer
  • Miessung op der Plaz vum Miesstechniker
  • Liwwerung op d’Plaz
  • Professionell Montage
  • Ausbau an ëmweltfrëndlech Entsuergung vun ale Fënsteren andeems se an de Recyclingscircuit zréckginn

Mat eisem héich qualifizéierten Team an dem modernsten Equipement garantiére mir eng professionell Aarbecht, déi Äre Besoinen entsprécht.

Fir energietechnesch Froen steet Iech en zertifizéierte Energieberoder zur Verfügung.

Expresshëllef am Noutfall? Mir sinn fir Iech do!

Duerch eist schnellt an reaktivt Team kënnen mir Iech an Noutfäll, wéi zum Beispiel bei engem Abrochschued séier weider hëllefen.

Al Fënsteren durch nei Fënsteren mat héijer thermescher an Schall -Isolatioun ersetzen? Kee Problem

  • Kompetent Berodung op der Plaz an an eisem Showroom
  • Onverbindlech Offer
  • Miessung op der Plaz vum Miesstechniker
  • Liwwerung op d’Plaz
  • Professionell Montage
  • Ausbau an ëmweltfrëndlech Entsuergung vun ale Fënsteren andeems se an de Recyclingscircuit zréckginn

Op Demande këmmeren mir eis ëm all d’Aarbechten ronderëm d’Fënstere bis zum kompletten Ofschloss.

professionell Montage mat PU-Schaum (optionnel RAL-Montage)

D’Dieren an d’Fënstere gin mat Rummdübelen a mat PU-Schaum montéiert. Dobäi gëtt den Raum tëscht der Mauer an der Dier/Fënster-Rumm mat Montageschaum gefëllt. Dëse Schaum dingt als Isolatioun a verhënnert en Loftaustausch duerch ondicht Plazen („thermesch Brécken“).

De Montageschaum as am ausgehärten Zoustand bestänneg géint Waasser, Ueleg, Bensin, Alkalis an verschidden Léisungsmëttel, allerdéngs net géint UV-Strahlung. Den Schaum as onverrottbar an fäulnisresistent.

Ideal dauerhaft an dicht Montage-Aart.

Als RAL-Montage bezeechent een am Bauwiesen die normgerecht gülteg Montage vun Fënsteren an Baussendieren beim Neibau an ausdrécklech och bei alen Gebaier, wann hei Fënsteren erneiert gin.

Grond fir die nei Montageaart

Aus bauphysikalescher Siicht as fir een energiespuerenden Neibau eng dicht Gebai-Enveloppe noutwendeg, fir Energieverloschter duerch en onkontrolléirten Loftaustausch ze verhënneren. D’Richtlinnen fir Subventiounen am Logement vun bestëmmten Länner schreiwen vir dass bei Niddregenergiehaiser och „Blower-Door-Tester“ obligatoresch sinn, deelweis gin dëss Tester och gemach fir Energiepäss ze erstellen.

Fir d‘Normen ze erfëllen muss vereinfacht gesot d‘Fou vun der Fënster raumsäiteg méi dicht sinn wéi baussensäiteg, die baussenzeg Säit muss den Wiederkonditiounen duerhalen an bestänneg géint Schloree sinn, insgesamt muss d‘Fou loftdicht an wandfest sinn. Fir dass d’Fiichtegkeet aus der Fou entrënnen kann soll dëss baussen méi diffusiounsoppen ausgefouert gin wéi bannen.

Thermesch Bréck an der Rollluedenkëscht? Dat muss net sinn!

Schlecht isoléiert an ondicht Rollluedenkëschten verursaachen héich Energieverloschter an méi eng héich Belästegung un Kaméidi. Duerch en professionellt Isoléieren an Ofdichten kann dat behuewen gin.

Een weideren Pluspunkt bei der Energiepass-Klassifikatioun!

Service après-vente

D’Zefriddenheet vun eisen Clienten ass eis Haaptuleies.

Service Après-Vente bezunn op eis Produiten

En Service Après-Vente bezunn op eis Produiten as niewend allen Garantieleeschtungen fir eis selbstverständlech. Eng kompetent Kontaktpersoun déi erreechbar as, Iech schnell weider hëlleft an eng Léisung fënnt.